Prinzessin Charlotte | Joseph Kayser

13,50 

(inkl. 3 % Mehrwertsteuer)
Versand in Luxemburg GRATIS – Lieferzeit 2-4 Werktage.
Die Versandkosten und Lieferzeiten ins Ausland finden Sie hier.

Verfügbarkeit: Vorrätig

E-Book im Apple Book Store erhältlich

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Maximale Anzahl Buchstaben: 50/50
23,00 

De Fränz huet 12 Joer, wéi en am Hierscht 1976 an d’Stad an d’Schoul geet. De grousse Brudder ass schonn aus dem Haus, d’Schwëster schafft an ass seelen doheem. Am Elterenhaus leeft esou muenches dernieft an de Fränz plangt, heemlech fortzelafen, op Murmansk, eraus aus all deem, wat hien esou bedréckt. Ma ob dës Rees um Enn tatsächlech Realitéit gëtt?

D’„Prinzessin Charlotte” ass keng Prinzessin, ma dem Fränz seng Tatta, déi an der Psychiatrie gelant ass. Hir Geschicht gëtt parallel zur eigentlecher Handlung erzielt a steet stellvertriedend fir dat, wat am Fränz senger Famill net esou ass, wéi et soll sinn.

_________________

 

„Prinzessin Charlotte” ass staark gepräägt vum Auteur senger Kandheet zu Izeg, wéi vill anerer vu sengen Texter a senger Heemechtssprooch. De Joseph Kayser fillt sech och am Franséischen doheem, sou huet e fir den däitschen Designer Markus Erhart zwee Konschtbicher iwwer afrikanesch Masken op Franséisch iwwersat.“Prinzessin Charlotte“ ass säin éischt Wierk op Lëtzebuergesch, dat elo publizéiert gouf.  Den Auteur lieft haut zu Koplescht, net wäit vun der Plaz ewech, déi nom Wöllem Weis, dem Auteur vum ‚Klautje vun Izeg‘, benannt ass. An hei schléisst sech de Krees zum Joseph Kayser senger Kandheet nees.

De Joseph Kayser ass 1964 zu Izeg op d’Welt komm, wou en och seng Kandheet a Jugend verbruecht huet. Als fräie Mataarbechter huet hien duerno fir d’Lëtzebuerger Press geschriwwen a fotograféiert. A sengem Beruff als Elektriker huet en nëmmen e puer Méint geschafft, 1984 huet e bei RTL ugefaangen. Am Mediebetrib ass en no enger Zäit och als Concepteur/Rédacteur vu Publicitéiten zum Asaz komm an ass nach haut als Radio-Stëmm fir Reklamme gefrot. Während där Zäit huet hien och d’Dréibuch „Äiskal” geschriwwen.

D’Illustratioune si vum Deborah Velazquez. D’lëtzebuergesch Artistin ass 1992 gebuer. Sie huet hire „Bachelor en illustration“ an der École supérieure des arts visuels Saint-Luc zu Bréissel gemaach. De Master krut d’Deborah Velazquez un der Accademia di Belle Arti di Bologna. Um Festival international de bande dessinée „Fumetto“ zu Luzern gewënnt si 2014 den éischte Präis.

Einband

Softcover

Autor(in)

Joseph Kayser

Erscheinungsdatum

04/2017

Format

12,5 x 20,5 cm

ISBN

978-99959-36-40-2

Seiten

72

Sprache

Luxemburgisch