Dem Lila säi Laachen | Patricia Petruccioli

16,00 

(incl. 3 % taxe sur la valeur ajoutée)
Livraison au Luxembourg GRATUITE – délai de livraison 2-4 jours ouvrables.
Pour connaître les frais et délais de livraison à l’étranger, veuillez cliquer ici.

Rupture de stock

Wéi d’Lila fir e puer Deeg bei säi Bopa geet, mierkt hatt datt dem ale Mann am Laf vu sengem Liewen d’Laachen vergaangen ass. D’Lila huet seng eegen Tricker fir bei gudder Laun ze bleiwen. Déi zwee laachen sech zesummen iwwer munches ewech, de Bopa iwwert seng Traueregkeet an d’Lila iwwer eng verstoppten Angscht.

Kleng a Grouss kënnen dem Lila seng Laach-Tricken mat e bësse Fantasie direkt iwwert dem Liese matmaachen an no Loscht a Laun am Alldag widderhuelen.

* * * * * *

Patricia Petruccioli, 1973 zu Esch/Uelzecht gebuer, ass Ergotherapeutin a Laachtrainerin.

Säit 2008 hält si Couren a Seminairen iwwer Laachyoga.

D’Laachübungen an dësem Buch inspiréieren sech um Laachyoga. Dës Geschicht  weist  spilleresch Beispiller wéi een zesummen laachen a  mat Freed a Witz mateneen ëmgoe kann.

Couverture

Couverture cartonnée mate

Auteur

Patricia Petruccioli

Format

21 x 29 cm

ISBN

978-2-87953-103-8

Pages

32

Langue

Luxembourgeois