Verstopp a Schwätz 1

8,95 

(incl. 3 % value added tax)
Shipping in Luxembourg FREE – delivery time 2-4 working days.
For shipping costs and delivery times abroad, please click here.

Availability: In stock

En interaktiivt Buch fir Kanner

130 Wierder kënne mat der Method vu “Verstopp a Schwätz” op eng spilleresch Aart a Weis geléiert ginn.

1. Kuck der d’Biller an d’Wierder gutt un. So d’Wierder e puer mol haart vir.

2. Mat de wäisse plastifizéierte Säiten, déi hannen am Buch sinn, decks Du d’Biller op der lénker Säit zou. Versich ze verhalen, wat d’Wierder bedeiten a so se e puer mol haart vir.

3. Duerno decks Du déi lénk Säit op, an déi riets zou. Kuck d’Biller a so d’Wierder haart vir. Du kanns och probéieren se op déi plastifizéiert Säiten ze schreiwen. Huel e waasseropléisleche Stëft, dee kann ofgewäsch ginn. Sou kanns Du se sou dacks drop schreiwe wéi s Du wëlls.

Dëst Buch behandelt verschidden Themen ewéi:

Haus, Woch, Park, Stad, Supermarché, Uebst, Kleeder, Wieder, Joer, Geméis, Bësch, asw.

Eng flott a praktesch Manéier fir déi éischt wichteg Wierder op Lëtzebuergesch ze léieren.

Cover

Softcover

Date of publication

09/2008

ISBN

978-2-87953-056-7

Translator

Jérôme Lulling