D’Pippi gëtt Inselprinzessin | Astrid Lindgren & Melissa Westerlund-Monnet

20,00 

(incl. 3 % value added tax)
Shipping in Luxembourg FREE – delivery time 2-4 working days.
For shipping costs and delivery times abroad, please click here.

Availability: In stock

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Maximum Characters: 50/50
29,50 

Ganzer fënnef Sekonnen ass et ganz roueg an der Kiche vun der Villa Kuddelmuddel. Dono doen der zwee ganz haart Kreesch. Et sinn den Tommy an d’Annika, déi vu Freed jäizen. Den Här Nilsson, deen um Dësch sëtzt a probéiert sech Botter op den Hutt ze schmieren, kuckt ganz paff op. Nach méi paff ass en, wéi e gesäit, dass d’Pippi, den Tommy an d’Annika Hand an Hand ronderëmdanzen. Si danzen a jäize sou benzeg, dass d’Plafongsluucht op de Buedem fält.

D’Pippi ass op der ganzer Welt bekannt ‒ ob als Pippi Långstrump, als Pippi Langstrumpf, Pippi Longstocking, Fifi Brindacier, Bibi Meia-Longa oder Pippi Calzelunghe. Elo läit den drëtte Band vun der berühmter Kannerbuch-Trilogie vum Astrid Lindgren fir d’éischte Kéier op Lëtzebuergesch vir.

Fir den Tommy an d’Annika geet en Dram an Erfëllung: Si däerfe mam Pippi op d’Kurrekurreduttinsel seegelen, wou hatt Prinzessin soll ginn. Mee an der Südséi lauere Geforen, déi hinnen an dësem Moment nach net bewosst sinn …

***

D’Astrid Lindgren (1907-2002) ass déi bekanntst Kannerbuchautorin vun der Welt. Hir dräi Bicher mam “Pippi Långstrump” huet si tëscht 1945 an 1948 geschriwwen. Si gouf ë.a. mam Friddenspräis vum däitsche Buchhandel a mam Alternativen Nobelpräis ausgezeechent.

D’Melissa Westerlund-Monnet, 1988 an der Stad gebuer an zu Téiteng opgewuess, huet no hirem Bachelorstudium zu Edinburgh (Englesch Literatur a Skandinavesch Studien) eng Formatioun als Enseignante a Schweden gemaach. Si schafft selbstänneg als Dolmetscherin an Iwwersetzerin.

Author

Astrid Lindgren

Translator

Melissa Westerlund-Monnet

Illustrationen

Ingrid Vang Nyman

Cover

Hardcover glossy

ISBN

978-99959-2-042-5

Size

16,5 x 21,5 cm

Pages

112

Language

Luxembourgish