Lëtzebuergesch richteg schreiwen | Amira-Louise Ouardalitou

15,00 

(inkl. 3 % Mehrwertsteuer)
Versand in Luxemburg GRATIS – Lieferzeit 2-4 Werktage.
Die Versandkosten und Lieferzeiten ins Ausland finden Sie hier.

Verfügbarkeit: Vorrätig

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Maximale Anzahl Buchstaben: 50/50
24,50 

+++ Neuauflage +++
! Mit der neuen Rechtschreibung – 50 Seiten mehr Durchblick !

“Lëtzebuergesch richteg schreiwen – Elo hu mir en NEIEN Duerchbléck” riicht sech un all déi, déi schonn ëmmer eis Sprooch richteg schreiwe wollten, awer ni d’Geleeënheet haten, d’Grondregele vun der Lëtzebuerger Schrëftsprooch op eng einfach Manéier ze léieren. Dir wëllt eis Sprooch schreiwen, mee sidd Iech bei der Schreifweis net sécher – kee Problem, hei fannt Dir d’Äntwerten op Är Froen.

***

D’Auteurin Amira-Louise Ouardalitou ass 1984 als zweet Kand vun enger lëtzebuergescher Mamm an engem tuneesesche Papp zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. No der 13e Commerce et Gestion huet si d′Universitéit Bielefeld mat engem Bachelor of Arts am Haaptfach Germanistik an am Niewefach Deutsch als Fremdsprache ofgeschloss. Duerno huet si op der Universitéit Freiburg an op der Universitéit Wien studéiert, wou si hire Master of Arts am Beräich „Angewandte Linguistik“ gemaach huet. Am Joer 2007 huet d’Amira-Louise wärend hirem Bachelorstudium hir Fuerschung iwwert déi Lëtzebuerger Sprooch an Nordamerika ugefaangen, déi och de Schwéierpunkt vun hiren zwou Ofschlossaarbechte war. Am Joer 2016 huet si hiren zweete Masterstudium a Lëtzebuerger Studien mat der Ofschlossaarbecht D’Kommunikatioun vu Gebäerdesproochler a Schwéierhéiergeschiedegter an enger multilingualer Gesellschaft um Beispill vu Lëtzebuerg  ofgeschloss. Vun 2012 bis 2020 huet si déi Lëtzebuerger Sprooch am Institut National des Langues fir Erwuessener ënnerriicht an huet sech am Joer 2020 d’Aufgab gesat, de Kanner a Jugendleche nieft anere Fächer och Lëtzebuergesch bäizebréngen. Säit Juli 2014 ass si Member vum Institut Grand-Ducal, vun der Section de linguistique, d’ethnologie et d’onomastique, wou si säit 2015 an deem Kader Lëtzebuerg bei der EFNIL – European Federation of National Institutions for Language – ënnert anerem och mat Virträg vertrëtt.

Einband

Softcover

Autor(in)

Amira-Louise Ouardalitou

Erscheinungsdatum

05/2021

Format

21 x 15 cm

ISBN

978-2-919792-04-7

Seiten

114

Sprache

Luxemburgisch