„Prinzessin Pippilotta! Wat e Liewen! Wat e Glanz! A wat ech danze wäert! D’Prinzessin Pippilotta danzt am Liicht vum Lagerfeier an zu den Téin vun Trommelen! Oh, wat mäi Rank an der Nues Kaméidi wäert maachen!“ „Wéini … wéini … fiers du?“, freet den Tommy. Seng Stëmm kléngt e bësse raschteg. „D’Hoppetossa hëlt muer den Anker eran“, seet d’Pippi. Déi dräi Kanner stinn eng Zäit laang do, ouni eppes ze soen. Et schéngt näischt méi ze ginn, dat ee soe kéint.
Den Tommy an d’Annika sinn traureg, well d’Pippi, hir bescht Frëndin, mat sengem Papp Efraim Laangstrëmp fir ëmmer op d’Kurrekurreduttinsel segele wëll, wou den Efraim Kinnek ass. Geléngt et dem Tommy an dem Annika, d’Pippi a leschter Minutt ëmzestëmmen?
***
D’Astrid Lindgren (1907-2002) ass déi bekanntst Kannerbuchautorin vun der Welt. Hir dräi Bicher mam “Pippi Långstrump” huet si tëscht 1945 an 1948 geschriwwen. D’Astrid Lindgren gouf ë.a. mam Friddenspräis vum däitsche Buchhandel a mam Alternativen Nobelpräis ausgezeechent.
D’Melissa Westerlund-Monnet, 1988 an der Stad gebuer an zu Téiteng opgewuess, huet no hirem Bachelorstudium zu Edinburgh (Englesch Literatur a Skandinavesch Studien) eng Formatioun als Enseignante a Schweden gemaach. Si schafft selbstänneg als Dolmetscher an Iwwersetzer.