Den Cäsar verluer an der Zäit | Ritchie Rischard

24,95 

(inkl. 3 % Mehrwertsteuer)
Versand in Luxemburg GRATIS – Lieferzeit 2-4 Werktage.
Die Versandkosten und Lieferzeiten ins Ausland finden Sie hier.

Verfügbarkeit: Vorrätig

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Maximale Anzahl Buchstaben: 50/50
34,45 

Et ass nees esouwäit, den Cäsar geet op Munneref an d’Kur, natierlech an der Parallel-Welt, also an der Welt vun den Huesen. Eise Frënd duerf dann och am zweeten Zauberbuch liesen, well dat hat den Direkter Rudi Becker him jo d’lescht Joer versprach.

Déi Kéier taucht den Cäsar an d’Buch an, an hie bleift hie selwer, aus him gë also keen aneren Hues, sou wéi dat am éischten Zauberbuch de Fall war. Den Cäsar lant am Mee 1940 zu Munneref. Do ass de Jimmy, also dem Metty säi Bouf, grad derbäi sech op de Wee no New York bei säi Papp ze maachen. Den zweete Weltkrich ass amgaang, an et kéint geféierlech fir hie ginn.

Doropshi maachen den Cäsar an de Jimmy sech zesummen op de Wee, an zu Paräis am Louvre verléiere si sech an der Zäit. Op hirer Rees duerch déi ënnerschiddlech Epoche begéine si ganz faméisen Huesen, esou z.b. der Kleopatra an dem Robin Hood.

Kann den Cäsar der Schéinheet vun der Kleopatra widderstoen? Wéi steet dem Jimmy e grénge Collant? Wat ass aus dem Klausi, dem Pastaharry an all deenen anere ginn?

Alles Froen, op déi dir an dësem Buch eng Äntwert fannt.

Autor(in)

Ritchie Rischard

Einband

Softcover

Illustrationen

Andy Genen

ISBN

978-2-87953-194-6

Format

16 x 24 cm

Seiten

256

Sprache

Luxemburgisch