De Pickinicki steet viru sengem Blummendëppen, kuckt hin an hier a spréngt mat engem Saz erof an de Gaart. Hien huet sech a säi pickege Kapp gesat, d’Rabonzel ze fannen. Ma de Wee an de Bësch ass méi komplizéiert, wéi hie geduecht hat …
Wéi et him op senger Rees ergeet, gitt dir an dësem Buch gewuer.
D’Sonja Lux-Bintner, gebuer 1972, huet am medezinesche Beräich geschafft, schreift elo Bicher a wunnt mat Famill, Mupp, Schildkröt a Kanéngche beim Stauséi. Auteur vun „Äppeltäsch“, „Schwaarze Schockela“, „De Pierche muss wuessen“, der CD „Melusina, der Uelzecht hiert Kand“.