D’Pippi op Lëtzebuergesch | Astrid Lindgren & Melissa Monnet

20,00 

(incl. 3 % value added tax)
Shipping in Luxembourg FREE – delivery time 2-4 working days.
For shipping costs and delivery times abroad, please click here.

Out of stock

„Kanns de mer fir d’éischt däi ganzen Numm soen?“, seet d’Joffer. „Da kann ech dech aschreiwen.“ „Ech heesche Pippilotta Viktualia Rulljalousia Peffermënz Efraimsduechter Laangstrëmp, d’Duechter vum Kapitän Efraim Laangstrëmp, fréier Pirat, elo Südsikinnek. Pippi ass u sech just mäi Spëtznumm, well mäi Pappa huet fonnt, dass Pippilotta ze laang wier.“

D’Pippi ass op der ganzer Welt bekannt – ob als Pippi Långstrump oder als Pippi Langstrumpf, Pippi Longstocking, Fifi Brindacier, Bibi Meia-Longa oder Pippi Calzelunghe. Elo läit dat berühmt Kannerbuch vum Astrid Lindgren (1907-2002) fir d’éischt Kéier op Lëtzebuergesch vir.

***

D’Astrid Lindgren (1907– 2002), a Südschweden gebuer an opgewuess, huet onvergiesslech Kannerfigure geschaf, déi an der ganzer Welt beléift sinn. Déi „wonnerbaarst Kannerbuchauteurin vun allenZäiten“ (DIE ZEIT) gouf ë.a. mam Friddenspräis vum däitsche Buchhandel a mam Alternativen Nobelpräis ausgezeechent.

D’Melissa Monnet, 1988 an der Stad gebuer an zu Téiteng opgewuess, huet no hirem Bachelorstudium zu Edinburgh (Englesch Literatur a Skandinavesch Studien) eng Formatioun als Enseignante a Schweden gemaach. D’Melissa Monnet enseignéiert an engem schwedesche Lycée a schafft selbstänneg als Dolmetscher an Iwwersetzer.

 

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube’s privacy policy.
Learn more

Load video

Author
Translator

Melissa Westerlund-Monnet

Cover

Hardcover glossy

ISBN

978-2-87963-999-4

Size

16,5 x 21,5 cm

Pages

112

Language

Luxembourgish