D’ALSTAD GËSCHT AN HAUT LËTZEBUERG AM ZÄITVERGLÄICH
Wéi huet d’Lëtzebuerger Alstad fréier augesinn, wat huet sech wéi am Laf vun de Jore verännert? An dëser Publikatioun, enger Zäitrees an d’Vergaangenheet vun der Alstad, kréien och déi méi jonk Generatiounen d’städtebaulech Entwécklung an Erënnerung bruecht.
A Buchform kann een duerch d’Vergläiche vun alen an neien Opname gesinn, wat sech am Stadbild geännert huet. Un Hand vun iwwer 150 neie Bildvergläicher entdeckt een op enger fotografescher Promenade d’Alstad am Wandel vun den Zäiten.