De Sproochmates I | Alain Atten

24,50 

(inkl. 3 % Mehrwertsteuer)
Versand in Luxemburg GRATIS – Lieferzeit 2-4 Werktage.
Die Versandkosten und Lieferzeiten ins Ausland finden Sie hier.

Nicht vorrätig

D‘Emissioun De Sproochmates ass elo bal 5000 Mol gelaf; Dir kritt dodraus e Grapp voll kuerz Gespréicher iwwer Lëtzebuerger Stéchwierder. Déi Sprooch, an där Der se kritt, ass eng geschwate Sprooch. Um Pabeier geet se Ëmweeër, déi een am Ouer net stéieren. Hei kënnt Der s’an engems lauschteren a liesen.

De Sproochmates huet haut seng 70 Joer ewell e Strapp erlaanscht. Hie schwätzt duerfir anescht, wéi wann en der eréischt 20 hätt. Dat gëtt e gär zou: hien ass net méi vun haut a gëscht, ma hie gëtt nach verstan. Fir ze weisen, wat fir Weeër eis Sprooch gaang ass, en halleft Jorhonnert laang, duerfir huet e sech genuch dermat ofginn, fir Bescheed ze wëssen.

D’Lëtzebuergescht ass bis elo eng geschwate Sprooch bliwwen. Si huet hir Literatur, ma si funktionéiert net geschriwwen (juristesch, wëssenschaftlech, administrativ…). Si ass och bis elo nach net sou wäit duerchliicht, datt ee kënnt mengen, ‘t misst een no der Schnouer schwätzen. ‘t kënnt och keen Iech soen, ob dëtt oder dat vergiess ass oder nach gesot gëtt oder déi Säit der Grenz nach virubesteet. Duerfir deet de Sproochmates sech och keen Zwank un, wann him en Éisleker Wuert entwutscht, wat em net aus der Kopp geet. Hie schwätzt och hei säin Idiolekt, seng eege Sprooch, wéi all Mënsch.

Alain Atten

***

Mir hunn ze soe mateneen ugefaange bei Radio Lëtzebuerg 1978. Hien, deen aus dem Volle geschäfft huet, ech, de jonke Spunt, deen nach alles ze léieren hat. Mënsche wéi dem Alain Atten begéint een net dacks am Liewen, där, déi wësse vu wat se schwätzen, déi hiert Liewe laang wullen a sichen an dobäi ëmmer authentesch bleiwen. Fir mech wor a bleift den Alain e Virbild, wat den Ëmgang mat mengem Haapthandwierksgeschir, dem Lëtzebuergeschen, ugeet. Ech behaapte jo vun him, hie wier e Lexikon mat Been an dobäi bleiwen ech. Ma doriwwer eraus sinn ech frou, datt mer endlech e Brochdeel vun deem Lexikon an engem Buch konnte festhalen.

Fernand Mathes

***

Eis Sprooch ass eng geschwate Sprooch, seet jo och den Alain Atten. Wann awer eng geschwate Sprooch net opgeschriwwe gëtt, dann ass geschwënn net méi vill dervu gewosst. Esou wär et och de ville Sproochminutte vum Alain Atten gaangen. Méi wéi 30 Joer huet hien eis Lëtzebuerger Sprooch a senge Radiosemissiounen op RTL ënner d’Lupp geholl. Al an nei Sproochbiller huet en den Nolauschterer duergeplättelt, bal vergiessen Nimm vu Saachen, Planzen an Déieren erëm lieweg gi gelooss. Dernieft si mer esou muenches iwwer eis Aussprooch duerch d’ganzt Ländche gewuer ginn a krute verzielt, wou eis Stacklëtzebuerger Ausdréck iwwerhaapt hierkommen. Muencheree konnt esou vill Ausdréck a Wierder erëm nei fir sech entdecken a war sécher méi wéi eng Kéier paff, wat de Sproochmates alles erausfonnt hat. Ma da war d’Sproochminutt eriwwer, an dat Gesotent schonn erëm vergiess.

Lo huet den Alain Atten nach eemol alles dierfe soen. Ma dës Kéier gouf et op CD opgeholl an op Pabeier néiergeschriwwen. Esou, wéi dem Sproochmates de Schniewel gewuess ass. Fir datt dat Gesotent dës Kéier méi eng grouss Chance huet, am Verhalt ze bleiwen an am Alldag erëm gebraucht ze ginn.

Myriam Welschbillig

***

Liesen …

Dëst Buch behandelt eng Rëtsch Wierder an Ausdréck aus verschiddene Kategorien: Adjektiven, Adverben, Substantiven, Konjunktiounen a Riedensaarten. Dir kënnt natierlech op der éischter Säit ufänken an d‘Beispiller aus deenen eenzelne Kategorien esou wéi se kommen duerchhuelen.

Et sprécht awer och näischt dergéint, wann Dir Iech zum Beispill nëmme Substantiven oder Riedensaarten wëllt ukucken, oder nëmmen déi Beispiller vu Verben oder Konjunktiounen, déi Iech am meeschten interesséieren.

Am Ufank vum Buch fannt Dir duerfir eng Lëscht mat de Kategorien, de Beispiller zu all Kategorie an der Säit, wou d‘Wuert oder den Ausdrock ze fannen ass.

 … a lauschteren

D‘Texter waren ursprénkerlech nëmmen derfir geduecht, um Radio geschwat ze ginn, woumat der Betounung eng grouss Roll zoukoum. Och wann een an der schrëftlecher Form vum Text dat eent oder anert duerch optesch Mëttele wéi Ënnersträichen ervirhiewe kann, sou geet dach dat meescht, wat d‘Betounung zum Text bäidréit, verluer. Duerfir fannt Der am Buch eng CD mat allen Texter, déi der mat oder ouni d‘Buch am Grapp lauschtere kënnt. Si kommen op der CD an der nämmlechter Reiefolleg wéi am Buch.

Einband

Softcover

Autor(in)

Alain Atten

Format

15,5 x 22,5 cm

ISBN

978-2-87953-110-6

Seiten

256

Sprache

Luxemburgisch

Zusatz

+ CD