« Mir wëlle bleiwe wat mir sinn » gëtt am Feierwon gesongen, mee wat si mir dann iwwerhaapt? Genau des Fro stellt sech de Félix zesumme
mat senger Schwester Mimi. Si wëlle méi iwwert hier Heemecht Letzebuerg wessen an erausfannen. Wärend engem Schoulausfluch machen d’Geschwëster Bekanntschaft mat enger Lëtzebuerger Berüümtheet, déi mat hinnen eng eemoleg Rees durch de Grand-Duché ënnerhëlt. Zesummen entdeckt den Trio dat klengt Lëtzebuerger Land, vun der Staat an de Minett, laanscht d’Musel a bis erop an d’Éislek- een onvergiesslecht Abenteuer!