D’Maus Kätti | Auguste Liesch

16,00 

(inkl. 3 % Mehrwertsteuer)
Versand in Luxemburg GRATIS – Lieferzeit 2-4 Werktage.
Die Versandkosten und Lieferzeiten ins Ausland finden Sie hier.

Nicht vorrätig

D’Maus Kätti, d‘Feldmaus, lieft zu Biermereng am Feld. Et kritt Besuch vu senger Cousine Mim aus Clausen. D‘Ketti dëscht him deftegt Iessen op, dat dem Mim awer net apaart schmaacht. D‘Mim invitéiert d‘Ketti an d‘Stad, nodeems et em vu Crème a Kuch a Bond geschwäermt huet.

Mat vill Léift zum Detail portraitéiert de Liesch déi naiv mee guttmiddeg Feldmaus, op der aner déi snobistesch-agebilt Stadmaus. Generatioune vu Schoulkanner hunn hir Bekanntschaft mat deenen zwou Mais gemaach.

Den Auguste Liesch ass den 28. August 1874 zu Munneref gebuer. En huet fir Affekot studéiert. 1904 gëtt e Friddensriichter zu Gréiwemaacher, 1907 ass en um Bezierksgeriicht zu Lëtzebuerg, vun 1918 bis 1921 Generaldirekter (Minister) an der Regierung Emile Reuter mat den Departementer Justiz an Ëffentlech Aarbechten. Duerno gouf en (als éischte Lëtzebuerger) Direkter vun der Douane bis en 1939 a Pensioun goung. 1937 koum en an de Staatsrot. Am Krich gouf e vum Okkupant agesat an op Leubus a Schlangenbad ëmgesidelt. Den 13. Mäerz 1949 ass en zu Lëtzebuerg gestuerwen. “D’Maus Kätti”, d’Geschicht vum Besuch vun der Stadmaus an der Feldmaus, ass fir d’éischt 1936 beim Verlag Soupert zu Lëtzebuerg gedréckt ginn, d’Biller hat de Pierre Blanc gemaach. Dem Auguste Liesch seng aner Gedichter wéi “D’Hochzäit an der Kathedral”, “D’Visite beim Bebé”, “Um Tram”… erschénge fir d’éischt 1947 beim Verlag Linden als Sammelband ënner dem Titel “Allerhand”.

Einband

Hardcover matt

Autor(in)

Auguste Liesch

Erscheinungsdatum

2013

Format

16 x 23 cm

ISBN

978-2-87953-175-5

Seiten

38

Sprache

Luxemburgisch