Du bass besonnesch – Dem Pit seng Welt | Carla Carvalho & Vicky Raffaeli

22,00 

(incl. 3 % value added tax)
Shipping in Luxembourg FREE – delivery time 2-4 working days.
For shipping costs and delivery times abroad, please click here.

Availability: Available for pre-ordering

- +

De Pit hëlt eis mat a seng Welt – eng Welt voller Gefiller, an där Geräischer méi haart sinn, Routinne Sécherheet ginn a kleng Ännerungen heiansdo grouss Emotiounen ausléisen. Hien erzielt, wéi hien säin Alldag erlieft, firwat Rou heiansdo esou wichteg ass a wéi vill Sécherheet et gëtt, wann ee verstanen a respektéiert gëtt.

Mat vill Häerz, Éierlechkeet a Léift erkläert dëst Buch Autismus aus der Siicht vun engem Kand. Et weist, dass Differenzen näischt sinn, wat ee verstoppe muss, mee eppes, wat eis räich mécht. Et erënnert eis drun, méi genee hinzekucken, nozelauschteren an openeen anzegoen.

Eng beréierend Geschicht fir kleng a grouss Lieser, déi Kanner staark mécht, Erwuessener sensibiliséiert, Mutt mécht, d’Häerz opmécht an eis weist: Jidderee vun eis ass op seng Manéier eenzegaarteg.

„Ech sinn de Pit. Ech hu fënnef Joer an ech si ganz besonnesch.“

Look inside

Author

Carla Carvalho, Vicky Raffaelli

Illustrationen

Unter der Leitung von Diane Orban und Myriam Karels: Classes d’accueil aus dem Lycée Technique du Centre – Annexe Kierchbierg am „Atelier peinture“ 2023-2024

Cover

Hardcover

Size

21 x 29,7 cm

Pages

32

Language

Luxembourgish

ISBN

978-2-919792-85-6

Date of publication

15. July 2026