„Wann et wierklech Himmel an Häll gëtt, da weess ech, wou d’Häll ze fannen ass: Bei mir doheem. Den Himmel ass d’Erléisung.“
D’Laura ass depressiv. D’Sich nom Ausléiser féiert hatt a seng traumatesch Vergaangenheet. Hëllefe seng Erënnerungen him, d’Liicht an der Däischtert ze gesinn?
***
D’Jessica Mersch ass 1983 an der Stad Lëtzebuerg op d’Welt komm. Hatt ass glécklech bestuet an houfreg Mamm vun dräi Kanner.
Schonn als Kand huet hatt sech a Bicher verluer, mat Bic a Blat huet hatt sech am wuelste gefillt. Mat dësem Buch erfëllt d’Jessica sech en Dram: selwer eng Geschicht ze erzielen an zu Pabeier ze bréngen.
***
Hutt Dir Loscht, mir Feedback ze ginn? Zéckt net a schreift mir eng E-Mail: bichergeck@gmail.com. Besicht och mäi Blog: www.bichergeck.me