Mir dräi wore mat der Lëtzebuerger Kach- Nationalequipe op enger Ausstellung am Ausland, wéi äis d’Iddi koum e Kachbuch erauszeginn. Datt deen Dram esou séier géif Realitéit ginn, hätt kee vun eis deemools fir méiglech gehalen. D’Iddi, datt et e Lëtzebuerger Kachbuch sollt ginn, stoung vun Ufank u fest, awer et misst onbedéngt onser moderner, kreativer Zäit ugepasst sinn. Et huet och net laang gedauert, bis mir de richtegen Titel fonnt hunn: „Lëtzebuerger Kascht – modern opgedëscht“. Mat dësem Buch wëlle mir weisen, wéi een eis traditionell Lëtzebuerger Platen op eng modern Manéier preparéieren an och presentéiere kann.



