Den Cäsar an d’Huesendier vu Munneref | Ritchie Rischard

24,95 

(inkl. 3 % Mehrwertsteuer)
Versand in Luxemburg GRATIS – Lieferzeit 2-4 Werktage.
Die Versandkosten und Lieferzeiten ins Ausland finden Sie hier.

Verfügbarkeit: Vorrätig

E-Book im Apple Book Store und auf amazon.de erhältlich

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Maximale Anzahl Buchstaben: 50/50
34,45 

Den „Cäsar“ geet schon zanter 5 Joer op Munneref an d’Kur, allerdéngs an enger Parallel-Welt, also an der Welt vun den Huesen. Si hunn déi selwecht Geschicht wéi mir, an och déi selwecht Persoune liewen an hirer Welt. Et sinn awer alles Huesen.

Den Cäsar duerf déi kéier an engem „Zauberbuch“ liesen, well e wëll wësse wéi den „Hues Metty“ Ufank vum  20. Joerhonnert d’Thermal Bad gegrënnt huet. Hien gëtt an d’Buch gezunn an erlieft tëscht 1900 an 1920 dem Metty seng Geschicht. Aus dem Cäsar gëtt also de Metty.

Op senger Rees duerch Länner wéi Frankräich, England, Holland an den USA begéint hie ville grousse Perséinlechkeeten, wéi z.B. dem Charlie Chaplin, der Queen Victoria oder dem Buffalo Bill.

Léiert dem Metty seng Frënn vun deemools kennen, an frëscht äert Wëssen iwwert déi gutt al Zäit am fréien 20. Joerhonnert bëssi op. Den Cäsar, alias Metty ass gären äre Guide duerch d’Welt vun den Huesen.

De Ritchie Rischard gouf de 26. Juli 1963 zu Diddeleng gebuer. Et war d’Zäit an där véier Jonge vu Liverpool Museksgeschicht geschriwwen hunn. Et heescht seng éischt Wieder wieren dann och net „Mamma“ oder „Pappa“ gewiescht, mä „Yeah, Yeah, Yeah“. Op jiddwerfalls markéiert d’Musek vun Ufank un säi Liewe. De Startschoss fir d’Musek zu sengem Beruff ze maache fält den 1. Oktober 1987, wéi hie Vendeur am Stader „Parc Music“ gëtt. 1992 gëtt aus dem Vendeur de Musekredakter vum „DNR“ an de „Bubble-Säiten“ am „Télécran“. 1997 erreecht en da säin Ziel wéi e Musekredakter bei „RTL Radio Lëtzebuerg“ gëtt. Bis an d’Joer 2000 mëscht hien dat Haaptberufflech, hie presentéiert deemools e.a. den „CD vun der Woch“ an „d’RTL Rocksaga“. Duerno wiesselt hien an d’Publicitéit an schafft bis Dato bei der „I.P.L“. Nieweberufflech ass hien nach ëmmer Musekredakter bei „RTL“, hie schreift Texter fir „Pop History“ an de „Sunday Brunch“, an presentéiert Sonndes Mëttes den „Country-CD-Tipp“.

Autor(in)

Ritchie Rischard

Einband

Softcover

Illustrationen

Andy Genen

Erscheinungsdatum

11/2012

ISBN

978-2-87953-153-3

Format

16 x 24 cm

Seiten

360

Sprache

Luxemburgisch