Wichapi – D’Geschicht vun enger Frëndschaft | Marie-Isabelle Callier

16,50 

(incl. 3 % value added tax)
Shipping in Luxembourg FREE – delivery time 2-4 working days.
For shipping costs and delivery times abroad, please click here.

Availability: In stock

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Maximum Characters: 50/50
26,00 

De Wanter ass dat Joer immens kal. Fir sech ze wiermen, spillen d’Wichapi an déi aner Indianerkanner Fänkches mateneen. Ma et gëtt ëmmer méi kal an d’Sioux beschléissen, hir Zelter ofzebauen an sech a méi waarm Géigenden zeréckzezéien.
D’Wichapi wëll awer nëmme matgoen, wann et senger beschter Frëndin Ursa, deem klenge Bieremeedchen, virdrun kann Äddi soen. Ma d’Ursa ass nach am Wanterschlof … Muss D’Wichapi bis d’Fréijoer bleiwen?

Wichapi ass d’Geschicht vun der Frëndschaft tëschent engem Sioux-Meedchen an engem klenge Bier, vun hirer Trennung an der Hoffnung, sech enges Daags, mat Hëllef vun de Stären, erëmzegesinn.

***

D’Marie-Isabelle Callier schreift an illustréiert Kannerbicher, déi vu verschiddene Verlagshaiser verëffentlecht an an aner Sproochen iwwersat goufen, dorënner „De Schatz vu Lucilinburhuc“ bei den Editions Schortgen. Biller vun hir sinn zu Bréissel, Lëtzebuerg, Washington, Schanghai a Paräis ausgestallt ginn. D’Marie-Isabelle Callier lieft a schafft zu Lëtzebuerg an huet déi belsch a lëtzebuergesch Nationalitéit.

Download Ausmalbilder:

Wichapi_Marie-Isabelle Callier_1
Wichapi_Marie-Isabelle Callier_2
Wichapi_Marie-Isabelle Callier_3
Wichapi_Marie-Isabelle Callier_4

Look inside

Cover

Hardcover matte

Author

Marie-Isabelle Callier

Date of publication

11/2019

Size

21 x 21 cm

ISBN

978-99959-36-87-7

Pages

24

Language

Luxembourgish