Wien dru gleewe muss | Léon Schadeck

16,00 

(incl. 3 % value added tax)
Shipping in Luxembourg FREE – delivery time 2-4 working days.
For shipping costs and delivery times abroad, please click here.

Availability: In stock

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Maximum Characters: 50/50
25,50 

An dësem spannende Roman geet et ëm zwee Bouwen – deen ee guttmiddeg, deen anere bësswëlleg -, déi duerch eng gemeinsam Dot zu Äerzfeinde ginn. Liewensno an ergräifend beschreift den Auteur, wéi d’Schicksal säi Laf hëlt… D’Handlung vum Roman spillt kuerz nom Zweete Weltkrich an engem klenge lëtzebuergesche Muselstiedchen. Den Auteur beschreiwt, wéi op engem sonnegen, schoulfräien Nomëtteg d’Uertschaft ewéi ausgestuerwen ass, kee Mënsch ass op der Strooss, net emol en Hond. D’Loft schéngt onbeweeglech. Zwéi Bouwen am Alter vun eelef Joer sëtzen op der Caféstrap am Schiet vun engem Mauergiewel. Si sinn zwar gläich gekleet: héich Schong mat décken Neel, brong Strëmp bis un de Knéi, kuerz Box an e faarwegt Hiem, mee ausser hirem Gezei hu se näischt gemeinsam. Charakterlech wéi physesch si se grondverschidden. Also, der zwéin ewéi Dag an Nuecht. Se sinn zwar an derselwechter Klass, mä hate bis elo nach ni direkte Kontakt zoueneen. Trotzdem hu se sech dësem Nomëtteg zoufälleg zesummefonnt. Duerch eng gemeinsam Dot gi si zu Äerzfeinden…

Cover

Softcover

Author

Léon Schadeck

Date of publication

2017

Size

20 x 14 cm

ISBN

978-99959-2-010-4

Pages

126

Language

Luxembourgish