De Wëlle leeft am Bësch | Diane Orban & Myriam Karels

17,95 

(incl. 3 % value added tax)
Shipping in Luxembourg FREE – delivery time 2-4 working days.
For shipping costs and delivery times abroad, please click here.

Availability: In stock

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Maximum Characters: 50/50
27,45 

Wann ee probéiert, d’Welt mat aneren Aen ze gesinn, mierkt een, dass vill méi an de Saache stieche kann, wéi een op den éischte Bléck mengt. Dëst stellen och de Charel a säin näischnotzege klenge Brudder Jim an enger spannender Rees duerch d’Haus fest. Mat enger gesonder Portioun Fantasie verwandele se Decken an Hielen, Wäschkierf a Schëffer a klotere gewëtzt iwwer all Steen, deen hinnen an de Wee geluecht gëtt.

„Déi Wëll lafen am Bësch! Dee Saz hues du dach bestëmmt schonn déi eng oder aner Kéier héieren, oder net? Dësem an nach ville weidere lëtzebuergesche Spréchwierder a Riedewendunge begéins du an eiser Geschicht. Well déi souwuel am wuertwiertleche wéi och am iwwerdroene Sënn agesat sinn, wäerts du kee Problem hunn, fir se ze verstoen, ob s du elo 4 oder 101 Joer al bass. A wann awer nach eng Fro bleift, fënns du d’Erklärunge vun typesch lëtzebuergeschen Ausdréck um Enn vum Buch.

Komm elo mat eis op bekannte Plazen am Ländchen, stëmm dat eent oder anert Vollekslidd un an zéck net, déi sëllege Spréchwierder nozebabbelen.“

Jim & Charel

Look inside

Video

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Cover

Hardcover matte

Author

Diane Orban & Myriam Karels

Date of publication

09/2019

Size

24 x 31 cm

ISBN

978-99959-36-85-3

Pages

44

Language

Luxembourgish