De Fäert-Uasch | Cathy Clement

13,50 

(incl. 3 % value added tax)
Shipping in Luxembourg FREE – delivery time 2-4 working days.
For shipping costs and delivery times abroad, please click here.

Availability: In stock

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Maximum Characters: 50/50
23,00 

Wat dʼMaude méi grouss a verstänneg gëtt, wat seng Famill him méi Kappzerbrieches bereet. „Hunn déi all de Klimpi vreckt oder sinn ech net normal?!“, freet hatt sech. An der Schoul sinn och vill Toperten ënnerwee an d’Maude zitt sech ëmmer méi zeréck a seng eege Welt. Mee hatt ass net eleng. Zanter senger Gebuert ass e klengt Monster extra fir hatt do. Ëmmer, wann d’Maude veronséchert gëtt, wiisst säi Monster, bis et op eemol esou grouss gëtt, dass déi zwee sech richteg kenneléieren. Vun do u weess d’Maude, dass et net eleng duerch d’Liewe geet, mee wie wëll scho permanent „Fäert-Uasch“ bei sech hunn?

***

D’Cathy Clement, 1979 zu Esch-Uelzecht gebuer, lieft am Norde vu Lëtzebuerg. Si ass Mamm vun zwee Jongen an hire Beruff ass Infirmière. D’Cathy huet sech schonn ëmmer gär an intensiv mat Bicher beschäftegt an huet mat 15 Joer ugefaangen, selwer Bicher an Texter ze schreiwen. „De Fäert-Uasch“ ass hiert éischt Buch fir Kanner. Si war 2017 um HAY-Festival zu Aarhus an Dänemark an dëseninternationale Festival fir Kanner- a Jugendliteratur huet si immens motivéiert. D’Cathy mécht gäre Liesungen a Workshoppen a Schoulen. Weider Informatiounen a villes méi aus dem Liewe vun der jonker Schrëftstellerin fannt Dir op:http://www.cathy-clement.lu De

Benjamin Frank, 2004 zu Ettelbréck gebuer, ass der Cathy Clement hire jéngste Bouf. Hie besicht den LCD an huet ganz vill Interessen. Nieft der Musek, Solfège a Baryton, zeechent hie gär. Hie liest am léifsten spannend Thrilleren oder witzeg Geschichten. Schach a Sport gehéieren och zu senge Fräizäitbeschäftegungen. Seng Mamm hat him e bëssen aus dësem Buch virgelies an do huet hien „de Fäert-Uasch“ spontan esou gezeechent,wéi hien en sech virstellt. Dëst Bild war esou flott, dass déi zwee entscheet hunn, d’Illustratioune selwer ze maachen. Méi vum Benjamin Frank op sengem YouTube Channel „Benjel Frenjel“.

Link: YouTube Channel CNL Literaturarchiv

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube’s privacy policy.
Learn more

Load video

Cover

Softcover

Author

Cathy Clement

Date of publication

05/2018

Size

11 x 15 cm

ISBN

978-99959-36-58-7

Pages

104

Language

Luxembourgish