Wat d’Hémecht war | Mars Klein

24,50 

(inkl. 3 % Mehrwertsteuer)
Versand in Luxemburg GRATIS – Lieferzeit 2-4 Werktage.
Die Versandkosten und Lieferzeiten ins Ausland finden Sie hier.

Verfügbarkeit: Vorrätig

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Goldenes Geschenkpapier mit Grußkarte (9,50 )

Maximale Anzahl Buchstaben: 50/50
34,00 

Lëtzebuergesch Gedichter vun 1800 bis Haut

Mat historesche Kommentären op Gedichter vu Lentz, Dicks, Rodange, vum Putty Stein, Willy Goergen, Auguste Liesch, Nik Welter, Nik Hein, Marcel Reuland, Tit Schroeder, Roger Manderscheid a munnech aneren gët e Bild gezeechent vu Lëtzebuerg am 19. an 20.
Joerhonnert. Et geet ëm Émigratioun, Agrikultur a Wäibau, politesch Krisen, d’Eisebunn, d’Stol-Industri, ëm d’Sprooch, d’Monarchi, Volleks-Gebräicher a Krichs-Affer.

Wee méi lauschtere wëllt, kritt e Link op de Site vum Archiv vum Radio 100,7, fir deen nach aner Émissiounen geschriwe goufen an der Zéri ​“En Album Lëtzebuergesch Gedichter“.

De Mars Klein ass gebuer den 8. 12. 48 zu Lëtzebuerg. En huet Litteratur- a Sprooch-Wëssenschaaft studéiert a war Enseignant am Lycée. Vun 1985 bis 1995 Attaché am Kultur-Ministère. Kulturpolitesch, historesch a litteraresch Artikelen huet en geschriwen fir Tageblatt, Lëtzebuerger Land, RTL an 100,7. Op der Keller-Bühn vum Neien Teater an der Stad huet en vun 1978 bis 1981 véier Solo-Kabarett-Programmer opgefouert. 2012 huet en mam Claude Mangen a Rudi Schubert de republikanesche Spektakel Adel braucht Tadel am Mierscher Kulturhaus gespillt, an 2016 op Tournée mam Véronique Kinnen, Sabine Rossbach a Rudi Schubert den humoristesche Programm Päerd sinn och nëmme Mënschen.

Niëwt Bicher mat eejenen Texter – Satiren, Feuilleton, Rees-Reportagen – huet en kommentéiert Antologiën publizéiert:
Die Luxemburger in der Welt / Le Tour du monde des Luxembourgeois
1775-1995. [Fir d’Kultur-Joer 1995]
Luxemburg. Menschen und Landschaften
Texte von Goethe bis heute. [2001]
Ruhm & Grösse in Bronze und Stein
Die schönsten Literatur-Denkmale in Europa. [Fir d’Kultur-Joer 2007]

Blick ins Buch

Einband

Softcover

Autor(in)

Mars Klein

Erscheinungsdatum

12/2017

Format

16 x 24 cm

ISBN

978-99959-36-53-2

Seiten

192

Sprache

Luxemburgisch