Recherche sur Titre, Auteur, ou N° ISBN.


 



Détails :
: 12,5 x 20,5 cm
: 268 pages
: 978-2-87953-527-2
: Luxembourgeois
: 1998
: SOLD OUT!

Item :

ZUR ZEIT NUR ALS EBOOK ERHÄLTLICH

1963 huet den Norbi, e Bouf vun 12 Joer, keng grouss Wiel. Et ass bal alles verbueden, an iwwert déi meeschte Saache schwätzt een net. Et ginn déi Gutt oder déi Béis, déi Schwaarz oder déi Rout, den Himmel oder d’Hell – Perl oder Pica, wéi d'Schrëfttypen vun de Schreifmaschinnen, déi de Papp verkeeft.

Den Norbi fënnt an der Agenda vu sengem Papp a regelméissegen Ofstänn e Buschtaf, de P. Dëse P stellt hie virun e grousst Rätsel. De Krich ass scho laang eriwwer, awer e geeschtert nach an de Käpp. E Besuch am Monument aux Morts mat der Klass ass wéi e Choc. A wann de P da fir Preis stéing? Fir e Gielemännchen? ....

Perl oder Pica beschreift eng Lëtzebuerger Kandheet. Et geet ëm d'Sich no der Frëndschaft an der Wourecht, aus der naiver a witzeger Siicht vun engem Bouf.

Doriwwer eraus, ass de Roman eng Lëtzebuerger Chronik aus de 60er Joren, enger zimlech onkomplizéierter Zäit, déi dem Erzieler awer ongerecht a verluge virkënnt.

Perl oder Pica ass dem Jhemp Hoscheit säin 1. Roman a krut den 3. Präis beim nationale Literaturconcours 1997. De Roman krut 1999 de Servais-Präis fir dat bescht Buch, dat an dem Joer zu Lëtzebuerg publizéiert gouf.

De Roman ass 2005 vum Pol Cruchten no engem Scénario vum Viviane Thill verfilmt ginn. De Film krut 2007 um 3. Lëtzebuerger Filmpräis de "Prix du Public". 2008 koum de Film ënnert dem Titel "Kleine Geheimnisse" an déi däitsch an éisträichesch Kinoen. 2009 ass de Film ënnert dem Titel "Petits secrets" a Frankräich gelaf.

Autres livres de l'auteur :
21. rue Beaumont -L-1219 Luxembourg - tél : (+352) 26 20 15 10  - fax :(+352) 26 20 10 26
siège : 108, rue de l'Alzette - L-4010 Esch-sur-Alzette - BP : 367 - L-4004 Esch-sur-Alzette
tél : (+352) 54 64 87 - fax : (+352) 53 05 34 - email : editions@schortgen.lu - Powered by  Luxis